Handball: EHF CupDamme vum HB Diddeleng ouni Chance géint ZRK Bjelovar

RTL Lëtzebuerg
D'Damme vum HB Diddeleng sinn dëse Weekend am 2. Tour vum EHF Cup gefuerdert. Géigner ass den Drëtten aus dem kroatesche Championnat ZRK Bjelovar.
Damme vum HB Diddeleng verléiere 17:34 géint ZRK Bjelovar
E Freideg den Owend war den Allersmatch tëscht dem Lëtzebuerger Coupegewënner an ZRK Bjelovar. Et war nawell séier kloer, a wéi eng Richtung et géif goen.

E Freideg den Owend war den Allersmatch tëscht dem Lëtzebuerger Coupegewënner an ZRK Bjelovar. An do war nawell zimmlech séier kloer, a wéi eng Richtung et géif goen. D’Gäscht aus Kroatien waren no puer Minutte scho mat 3:0 vir, éier an der 4. Minutt Diddeleng iwwerhaapt den 1. Gol markéiere konnt. An engem änleche Rhythmus ass et dann och weider gaangen, sou dass et an der Hallschent schonn 20:8 zu Gonschte vu Bjelovar stoung.

An der zweeter Hallschent hunn d’Damme vun Bjelovar e bëssen manner Gas ginn, ma och déi 30 Minutten dominéiert. ET sinn nach emol 14 Goler zu Gonschte vu Bjelovar gefall, géintiwwer 9 fir Diddeleng.

Deemno stoung et um Enn 34:17 tëscht dem ZRK Bjelovar an dem HB Diddeleng.

De Retourmatch ass e Samschdeg um 18 Auer. Béid Matcher ginn am Centre Sportif René Hartmann gespillt.

Back to Top
CIM LOGO