BasketballDammentrainer Anan Majdi trëtt bei de Musel Pikes zeréck

RTL Lëtzebuerg
An der Enovos League bei den Damme mussen d'Musel Pikes sech en neien Trainer sichen.
© Emile Mentz (Archiv)

D’Ekipp ass mat 5 Néierlagen um Stéck an d’Saison gestart a steet op der leschter Tabelleplaz. No der 61:76-Defaite géint Wolz um Samschdegowend huet den Anan Majdi der Ekipp matgedeelt, dass hien net méi weider mécht. Hie bleift awer Jugendkoordinator am Veräin. Am Mäerz 2023 hat de Majdi d’Ekipp iwwerholl.

Back to Top
CIM LOGO