Nations League DammenDan Santos annoncéiert Lëtzebuerger Kader

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moien huet de Lëtzebuerger Dammennationaltrainer Dan Santos säi Kader fir déi éischt Nations-League-Matcher annoncéiert.
Nations League am Futtball: Dan Santos annoncéiert Lëtzebuerger Kader
Net mat dobäi ass d’Laura Miller, déi wéinst engem Ermiddungsbroch um Schinnebeen feelt. Ersat gëtt d’Kapitänin vun der Liane Freymann.

D’Laura Miller huet een Ermiddungsbroch um Schinnebeen a wäert 4 bis 6 Wochen ausfalen. D’Kapitänin vu de roude Léiwinnen a vum Standard Léck gëtt vum Liane Freymann vum SC Ell ersat. Donieft probéiert den Dan Santos dësen Ausfall kollektiv opzefänken. “D’Laura Miller ass een Haaptpilier vun eis, eis Kapitänin an eis Haaptspillerin. Mee ech si frou, datt d’Marta Estevez Garcia gutt drop ass an ëmmer rëm e Schratt no fir mécht. Mam Charlotte Schmit a mam Marisa Soares Marques si mir an der Mëtt gutt opgestallt. Donieft hu mir mam Leila Schmit, déi lo op Elversberg gewiesselt ass an och do Stammspillerin ass, lo eng kompakt Mëtt. Mir mussen dann eben e bëssen ëmstellen, fir de Kollektiv méi an de Vierdergrond ze stellen, mee ech maache mir do net vill Gedanken.”

Nei mat dobäi sinn dann och d’Claudia Veloso an d’Lena Goedert, D’Géignerinnen an der Grupp C2 heeschen Tierkei, Litauen a Georgien. Keen einfache Grupp, trotzdeem geet den Nationaltrainer mat Ambitiounen an dës Campagne.

“Mir hu keng Punktenzuel uginn. Mir kucke lo einfach, wou mir mat eis jonke Spillerinne stinn. Mir wëllen all Match spille fir ze gewannen. Mir ginn op den Terrain fir schéine Futtball ze spillen a fir ze weisen, datt mir rëm ee Schratt no fir gemaach hunn.”

Fir d’éischt spillt d’FLF-Selektioun den 22. September auswäerts a Litauen. 4 Deeg drop kréien et d’rout Léiwinnen dann am Stade Emile Mayrisch um Escher Gaalgebierg mat Georgien ze dinn.

Back to Top
CIM LOGO