Bierchem gëtt éischten Transfert bekanntDan Scheid wiesselt vun de Red Boys bei de Champion

RTL Lëtzebuerg
Den HC Bierchem huet e Sonndeg deen éischten Transfert fir déi nei Saison bekannt ginn.
© HC Bierchem

De fréieren Nationalspiller Dan Scheid wiesselt vun de Red Boys Déifferdeng bei den neie Champion an der Axa League.

Wéi et vum HC Bierchem heescht, wäert den Dan Scheid d’Ekipp vun nächster Woch u verstäerken. Hie wier net nëmmen um Terrain, mä och nieft dem Terrain mat senger Erfarung a sengem Charakter e Gewënn fir d’Ekipp.

De Weekend vum 19. Mee steet de leschte Spilldag vum Handball-Championnat um Programm. Bierchem hat sech scho fréizäiteg den Titel geséchert. Fir d’Réiserbänner ass et dee 7. Titel an der Veräinsgeschicht.

Back to Top
CIM LOGO