
De fréieren Nationalspiller, Spiller vun der Jeunesse, an Trainer vun ënnert anerem dem F91 Diddeleng, dem FC Déifferdeng 03 an der Jeunesse hat viru Kuerzem e Malaise beim Vëlofueren a läit zanterhier op der Intensivstatioun am Spidol.
E Mëttwoch de Mëtteg hate verschidde Sourcë gemellt, datt den Dan Theis gestuerwe wier. D’Famill huet eis awer matgedeelt, datt dëst net de Fall ass.
E Mëttwoch de Mëtteg hate mir fälschlecherweis dës Informatiounen opgegraff. Mir entschëllegen eis formell bei der Famill vum Dan Theis.