Eng Minutt no AwiesslungDanel Sinani geléngt éischte Gol an der Bundesliga

RTL Lëtzebuerg
St. Pauli huet sech e Sonndeg kloer mat 3:0 géint Union Berlin duerchgesat.
© Reuters

Fir de Kont vum 19. Spilldag an der däitscher Futtball Bundesliga huet St. Pauli um Sonndeg 3:0 géint Union Berlin gewonnen. Den Danel Sinani huet an der 93. Minutt den drëtte Gol vu St. Pauli geschoss. De Lëtzebuerger Nationalspiller war eng Minutt virdrun agewiesselt ginn.

Et ass dem Lëtzebuerger Nationalspiller säin éischte Gol an der Bundesliga.

Duerch d’Victoire huet St. Pauli säi Virsprong op d’Ofstigsplaze vergréissert. Nom 19. Spilldag steet ee mat 20 Punkten op der 13. Plaz.

D’Resultater vum Dag am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO