PortraitDani Konsbrück huet eng gutt Saison gespillt

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Nationalspiller, déi beim DT Rued gespillt, huet dëst Joer de Critérium gewonnen.
VIDEO: D'Dani Konsbrück am Portrait
D’Dani Konsbrück huet eng gutt Saison mat DT Rued hannert sech. An och an der Nationalekipp huet si gutt Leeschtunge gewisen.

D’Dëschtennis-Dammen-Nationalekipp ass bei der leschter EM zu Lëtzebuerg op déi excellenten 11. Plaz komm. An der Weltranglëscht leien d’Rout Léiwinnen op Positioun 15. Elo wëlle si sech hiren nächste groussen Dram erfëllen. Nämlech dee vun enger Qualifikatioun fir d’Olympesch Spiller. D’Nia Xia Lian an d’Sarah De Nutte si Voll-Profien, ma och d’Dani Konsbrück wäert sech an den nächste Méint intensiv op den Dëschtennis konzentréieren.

Den Tim Hensgen mat engem Portrait.

Back to Top
CIM LOGO