Arbitter bei der olympescher Dëschtennis-Finall"Dat war d'Realisatioun vu mengem Dram", sou de Pol Pierret

RTL Lëtzebuerg
E Freideg ass op den Olympesche Spiller zu Paräis am Dëschtennis d'Decisioun par équipes gefall. China huet sech Gold geséchert.
Den Dëschtennis-Arbitter Pol Pierret am Interview
De Lëtzebuerger war Arbitter an der Finall vun der Team-Competitioun bei den Hären.

Mattendra war mam Pol Pierret e Lëtzebuerger Arbitter. Fir hien ass domadder een Dram an Erfëllungen gaangen. “Et war einfach nëmmen e mega Feeling, et war einfach Wansinn, vun der éischter Sekonn un”, sou de Lëtzebuerger kuerz no der Finall.

Wéi virun all Finall wier hien ugespaant gewiescht, ma hien hätt et genoss, dat och well hie gewosst hätt, datt keen him déi Erfarung méi kéint huelen, sou de Pol Pierret. “Ech hunn och Fotoe scho gesi vu Kolleegen aus anere Länner vun der Tëlee, wou ech wierklech gelaacht hunn a frou dragesinn hunn. Et war wierklech e Genoss.”

© AFP

D’Chineesen hunn d’Finall géint Schweden mat 3:0 gewonnen. Esou kloer wéi sech dat unhéiert, war et awer net, dat huet och de Pol Pierret iwwerrascht.

All eenzele Match hu Fan Zhendong a Co. am fënneften an domat decisive Saz eréischt gewonnen. D’Schweeden hu sech richteg gutt aus der Affär gezunn an hunn d’Dominatoren aus China un d’Wackele bruecht. Am fënneften an decisive Saz hunn d’Chineesen dunn awer ëmmer relativ kloer de Sak zougemaach. Et ass awer ee Resultat, op dat den Truls Möregårdh a Co. houfreg kënne sinn.

© RTL

Bei den Damme goung d’Goldmedail um Samschdeg och u China. Japan war an der Finall mat 0:3 ënnerleeën. Südkorea huet Däitschland an der Partie ëm déi 3. Plaz geklappt a krut d’Bronzemedail.

LINK: Klickt Iech duerch d’Fotogalerië vun den Olympesche Spiller

Back to Top
CIM LOGO