Coupe am VolleyballD'Coupegewënner heesche Mamer a Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Mamer gewënnt 3:1 géint RSR Walfer a Stroossen hat beim 3:0 géint Fenteng keng grouss Schwieregkeeten.
D'Coupegewënner heesche Mamer a Stroossen
Mamer gewënnt 3:1 géint RSR Walfer a Stroossen hat beim 3:0 géint Fenteng keng grouss Schwieregkeeten.

De VC Mamer dierf sech bei den Dammen nees Lëtzebuerger Coupegewënner nennen. Si gewannen d’Finall an der Stroossener Hal géint Walfer 3:1. Am Match tëscht dësen zwou ekilibréierten Ekippen hat Mamer de bessere Start a konnt den éischte Saz 25:16 kloer fir sech entscheeden. Walfer huet am zweete Saz mat engem änlech klore Resultat (25:13) geäntwert.

Den drëtte Saz war de serréiertsten, mee um Enn hat de VCM d’Nues vir (25:20). Am véierten Duerchgang ass Walfer d’Loft ausgaangen, soudass Mamer mat engem klore 25:10 de Sak zougemaach huet. Et gouf soumat dat selwecht Resultat wéi schonn am Championnat.

Damme vu Mamer wannen d'Coupe am Volleyball (Replay)
Mat 3:1 huet ee sech géint Walfer behaapt.

Stroossen verdeedegt Titel bei den Hären

Am Match duerno konnt bei den Häre Stroossen säi 16. Coupegewënn feieren, et ass dee fënneften noeneen. Fenteng huet et dem Champion net einfach gemaach, mee um Enn stoung en awer kloren 3:0 um Tablo. Et ass déi véiert Coupe hannertenee fir de VCS.

Fenteng war de kloren Aussenseiter, huet et Stroossen déi zwee éischt Sätz awer net einfach gemaach. Mat 21:25 an 22:25 hu si sech méi wéi deier verkaaft. Am drëtte Saz war de Stroossener Drock awer ze grouss. De Coupegewënner hat um Enn souguer 12 Matchball a konnt den zweete verwandelen.

Häre vu Stroossen wannen d'Coupe am Volleyball
Den Titelverdeedeger hat keng Problemer mat Fenteng an huet sech 3:0 duerchgesat.

D’Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO