
Bei den Häre geet Steesel an der Serie géint Ettelbréck mat 2:1 a Féierung. Et bleift dobäi, dass d’Heemekipp sech bis elo an all Match vun der Finall duerchgesat huet. Keng Ekipp konnt sech am Laf vum Match ofsetzen an esou gouf den Zuschauer e spannende Match gebueden. An de leschte Minutte vum Match hunn de Bob Melcher an den Noah Medeot zesummen dräi wichteg Dräier getraff a Steesel domat e klenge Virsprong erausgespillt. Um Enn setzt sech d’Lokalekipp mat 83:77 duerch. Mat 27 Punkten an 18 Rebounds konnt de Kim Aiken Jr iwwerzeegen.
Nächste Sonndeg gëtt den eventuell entscheedende Match zu Ettelbréck gespillt.

D’Damme vum Gréngewald hunn ee Krimi géint Diddeleng gewonnen a ginn domadder 2:1 a Féierung. D’Zuschauer zu Hueschtert hunn e spannende Match gesinn, deen eréischt an de leschte Sekonnen entscheet gouf. Diddeleng war ronn 30 Sekonne viru Schluss 3 Punkten hannen, huet dunn awer de Ball verluer an d’Amanda Cahill konnt de Match un der Fräiworflinn entscheeden. Um Enn stoung et 82:75 fir de Gréngewald.
Stäerkste Spillerin um Terrain war d’Samantha Logic mat 28 Punkten, 11 Assists an 8 Rebounds. Diddeleng sinn 19 Punkten a 15 Rebounds vum Ehis Etute sinn net duergaangen.
Mat dëser Victoire geet Hueschtert 2:1 a Féierung a kéint nächste Samschdeg zu Diddeleng am véierte Match vun der Serie de Championstitel feieren.
