
Wéi an enger Rei Sportaarten hei am Land, geet et och am Dëschtennis Ufank Februar an der ieweschter Divisioun nees weider. D’FLTT huet elo de Spillplang matgedeelt. Vum 6. Februar u gëtt d’Qualifikatiounsphas fäerdeg gespillt. Et bleiwen nach 4 Spilldeeg um Programm.
Ufank Mäerz fänken dann de Play-Off an de Play-Down un.
No 5 Spilldeeg steet aktuell den Dt Houwald mat 14 Punkte punktgläich virum DT Diddeleng un der Tabellespëtzt.