
An der Enovos League bei den Häre spillt de Champion Etzella Ettelbréck den éischte Match doheem géint Mamer an de Vize-Champion T71 Diddeleng kritt Besuch vum AB Conter.
Bei den Damme spillen an der Enovos League wéinst dem iwwerraschenden Réckzuch vum Champion Gréngewald Hueschtert nëmmen nach 7 Ekippen. Zum Optakt kënnt et hei ënner anerem zum Duell tëschent der Sparta Bartreng an dem T71 Diddeleng.
An der Nationale 2 bei den Häre spillt eng U18 Nowuessekipp vun der FLBB mat, dës Matcher sti jeeweils Mëttwochs um Programm.
D’Saison wäert de Weekend vum 21. September ugoen.