
No enger ausgeglachener éischter Phas am Match huet sech d’Lokalekipp mat engem 14:0-Laf am zweete Véierel eng éischte Kéier ofgesat (33:19) an ass mat engem 39:26 Virsprong an d’Kabinn gaangen. Nom Säitewiessel huet de Favorit d’Féierung weider ausgebaut, och well d’Alexus Johnson op en Neits net ze stoppe war. Um Enn koum d’Spillerin bei der 71:54-Victoire op 34 Punkten an 29 Rebounds.
Nodeems Hueschtert e Mëttwoch déi éischte Néierlag des Saison kasséiert huet, konnt d’Ekipp eng staark Reaktioun weisen a geet als klore Favorit an d’Finallserie géint d’Sparta Bartreng, deen sech an der anerer Halleffinall 2:0 géint den AB Conter duerchgesat hat. D’Finall gëtt am “Best-of-5" Modus gespillt.
Steesel iwwerrennt d’Musel Pikes
Am Ofstigsgrupp gouf bei den Dammen ee Match gespillt, hei deklasséiert d’Amicale Steesel den Ofsteiger Musel Pikes mat 94:48. Um Sonndeg setzt sech de Basket Esch mat 74:70 géint Wolz duerch.