
Fir de Lëtzebuerger Sport gëtt den Hellers a senger Sportaart, vun deene Responsabelen vum Club, op eng Träppche gestallt, mat de Schleck-Bridder an dem Kim Kirchen, oder och nach dem Tennisspiller Gilles Muller.
A senge 17 Joer beim Standard huet de fréiere Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer, 481 Matcher gespillt, 37 Goler geschoss an 1993 mat de Rouches d’Belsch Coupe gewonnen.

Am Interview sot den Guy Hellers: „Bon, ech huelen un ech muss Merci soen! Mä ech verdéngen déi grouss Éier do guer net!“