Nationale Championnat am Handball De Match tëscht Déifferdeng a Rëmeleng gouf no hanne verréckelt
Dëse Weekend ass den Optakt vum Lëtzebuerger Handballchampionnat. Eng Partie vum éischte Spilldag gouf awer schonns no hanne verréckelt.
Verëffentlecht: 08.09.23 12:54, Update: 04.12.25 09:41
D'FLH huet elo matgedeelt, datt bei den Hären d'Partie Red Boys Déifferdeng géint Rëmeleng op en Donneschdeg de 14. September verluecht gëtt.
E Mëttwoch war jo eréischt bekannt ginn, datt Péiteng sech aus der ieweschter Divisioun zeréckgezunn huet an duerch Rëmeleng ersat gëtt.