RéckbléckDe Matthieu Osch zu Kitzbühel a Schladming am Asaz

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Matthieu Osch ass an de leschten Deeg 2 Weltcup-Coursse gefuer.
© Pressephoto Archivbild

Ofgesinn vum Marc Girardelli, ass et äusserst seelen, dass ee Lëtzebuerger un den Depart vun enger Manche am Schi Weltcup gaangen ass.

An de leschten Deeg ass de Matthieu Osch awer direkt zwou Course gefuer. An dat waren net déi Mannst. Nämlech de Weekend zu Kitzbühel an en Dënschdeg zu Schladming. Zweemol ass hien am Slalom ugetrueden. Dat ass déi Discipline, wou et am Alpin-Schi déi meeschten Ausfäll ginn. Wann een dann och nach eng héich Startnummer huet dann ass et net evident, d’Arrivée vum der éischter Manche ze gesinn. Dat war beim Matthieu Osch och de Fall. Hien ass zweemol ausgefall.

De Rich Simon huet nogefrot...

De Matthieu Osch am Interview

D’Weltmeeschterschaft fänkt en Dënschdeg zu Are a Schweden un an dauert bis de 17. Februar.

Lëtzebuerger Championnat am Schi: De Matthieu Osch wënnt am Riseslalom
Schi Alpin: Matthieu Osch beim Slalom zu Kitzbühel am Asaz

Back to Top
CIM LOGO