Dëschtennis-EMDe Nutte am Dubbel weider, Mladenovic eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
Aktuell leeft d'Europameeschterschaft am Dëschtennis zu Linz an Éisträich.
© AFP

An do steet d‘Sarah de Nutte zesumme mat hirer ungarescher Partnerin Georgina Pota am zweeten Tour vun der Dubbel Konkurrenz. Si konnte sech am éischte Match mat 3:1 géint en Duo aus Slowenien duerchsetzen.

Am Eenzel gouf d’Sarah de Nutte an der Haaptronn vun der Italienerin Gaia Monfardini mat 2:4 geklappt.

De Luka Mladenovic gouf awer mat sengem hollännescher Partner Kas Van Oost am éischten Tour eliminéiert, dat mat 1:3 géint den Duo Dang Qui a Benedikt Duda.

PDF: D'Schreiwes vun der Federatioun

Back to Top
CIM LOGO