VIDEO: Cross zu Esch am EllergronnDe Yannick Lieners ass ee vun de Favoritten

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ginn zu Esch am Ellergronn déi nei Championen am Cross gesicht.
Cross zu Esch am Ellergronn
De Yannick Lieners ass ee vun de Favoritten

Nodeems de Pol Mellina bis elo 3 x mol den Titel konnt gewannen ass den Dikrecher dëst Joer net dobäi.

De Yannick Lieners ass dëse Sonndeg ee vun de Favoritten. Hie war am Joer 2014 u Leukemie erkrankt an Ufank 2018 koum ‘Nouvelle, datt d’Krankheet aus dem Kierper wier.

Am Summer krut den Athlet awer dunn e Réckfall a muss zënterhier nees Medikamenter huelen. Och wann dëst him et net erlaabt zu 100% seng normal Leeschtung ofzeruffen, sou ass de Leefer vum CA Bieles awer Kandidat ob den Titel.

Donieft sinn och nach de Christophe Kass vun der Fola, de Christian Molitor vun Dikrech an eng ganz Réi aner Athlete capabel, ëm d’Podiumsplaze matzelafen.

Am Groussen a Ganze sinn e Sonndeg zu Esch vill flott Coursen ze erwaarden.

Back to Top
CIM LOGO