Badminton-ChampionnatDecisiv Partie Déifferdeng géint Jonglënster dëse Samschdeg

RTL Lëtzebuerg
Zu Déifferdeng an der Hal vum Fuussbann dierft den 2. Mäerz eng Virentscheedung am Lëtzebuerger Badminton-Championnat bei den Ekippe falen.
An der Favoritteroll: d'Ekipp vun Déifferdeng.
An der Favoritteroll: d’Ekipp vun Déifferdeng.
© Nils Nösges

Déi 2 Tabellenéischt Jonglënster an Déifferdeng treffen do um 14 Auer openeen, an et kann een dovunner ausgoen, dass de Gewënner vun där Partie och den nächste Champion stellt, esoulaang sech keng vun den Ekippen um leschten Spilldag de 24. Mäerz zu Beetebuerg iwwerrasche léisst.

Béid Ekippen hu bis elo e Parcours sans faute wärend der Saison higeluecht an hunn am Openeentreffen an der Hironn mat engem 4:4-Gläichspill keng Differenz konnten erausspillen.

Muss gewannen: den Titelverdeedeger vu Lënster.
Muss gewannen: den Titelverdeedeger vu Lënster.
© Badminton Jonglënster

Trotzdeem ass Déifferdeng an der Favoritteroll, well hinnen och de Samschdeg e Gläichspill misst duergoen, fir hiren éischten Titel an der Veräinsgeschicht kënnen ze féieren, iwwerdeem den Titelverdeedeger Jonglënster de Match scho misst gewannen. Sollt Déifferdeng de Match fir sech entscheeden, ass hinnen den Titel eigentlech net méi ze huelen.

© Badminton Jonglënster

Wéi zanter dëser Saison üüblech gëtt och den nächste Samschdeg en duebele Spilldag gespillt, den drëttleschte vun der Saison - moies vun 10 Auer un, nomëttes vu 14 Auer un.

© Badminton Jonglënster

Hei déi eenzel Matcher

12. Spilldag: Samschdeg, 2. Mäerz um 10 Auer

- Déifferdeng – Kielen
- Jonglënster – Schëffleng
- Beetebuerg – Käl
- Diddeleng – Europeen

13. Spilldag: Samschdeg, 2. Mäerz um 14 Auer

- Jonglënster– Déifferdeng
- Schëffleng– Beetebuerg
- Käl – Europeen
- Kielen – Diddeleng

Den Entrée ass fräi, weider Infoen um Site vun der Federatioun (www.feluba.lu).

© Badminton Jonglënster

Back to Top
CIM LOGO