Weltrekord am SaarlandDee längste Futtballmatch op der Welt huet 7 Deeg gedauert

RTL Lëtzebuerg
Mat engem Match iwwer 7 Deeg um Stéck hu Spiller am Saarland een neie Weltrekord am permanente Futtballspillen opgestallt.
© www.facebook.com/fussballfieber2019

No exakt 168 Stonne gouf d’Partie zu St.Wendel-Winterbach um 19 Auer e Mëttwoch den Owend ofgepaff. Dono war eng grouss Party.

Um Terrain stoungen am ganze 36 Futtballspiller vun 2 Veräiner.

Si hunn a Schichten Futtball gespillt.

De Weltrekord vu bis elo louch bei 108 Stonnen. Dëse war am Joer 2016 zu Worthing a Groussbritannien opgestallt ginn.

Iwwregens .... de Score zum Schluss louch bei 1802:1802.

Back to Top
CIM LOGO