Internationale FuttballDefaite fir Bayern, glécklechen Erfolleg fir Real Madrid

RTL Lëtzebuerg
An England huet Liverpool souverän zu Bournemouth gewonnen. A Frankräich war um Sonndeg d'Suite vun de 1/16-Finalle vun der Coupe de France.
© KERSTIN JOENSSON/AFP

Bundesliga

Bayern München - Werder Bremen 0:1
0:1 Weiser (59')

Bayern huet doheem iwwerraschend géint Bremen verluer an huet bei engem Match manner scho 7 Punkte Retard op Leverkusen un der Tabellespëtzt.
Bayern huet sech an den éischte 45 Minutte schwéier gedoen an hat zweemol Chance, net a Réckstand ze geroden. Eng Kéier huet de Neuer schéi géint de Weiser paréiert. Déi zweete Kéier huet de VAR no engem Bremer Gol agegraff, well e Spiller vu Bayern gefoult gouf. Och nom Téi huet den Underdog gutt matgehalen an ass no enger knapper Stonn a Féierung gaangen. Bayern huet dono gedréckt an d’Gäscht aus der eegener Hallschent net méi rauskomme gelooss. E Gol sollt awer net méi falen, soudass et bei der Defaite bliwwen ass.

Gladbach - Augsburg 1:2
1:0 Jordan (26'), 1:1 Tietz (47'), 1:2 Engels (51')

Ausgburg huet zu Gladbach de Match gedréint an e wichtege Succès an der Lutte géint den Ofstig gefeiert. D’Heemekipp war besser an d’Partie a verdéngt 1:0 vir komm. No der Paus waren d’Fohlen awer ze harmlos an Tietz an Engels hunn de Match op d’Kopp gehäit. Gladbach konnt net méi reagéieren an et ass bei der knapper Victoire fir Ausgburg bliwwen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Bournemouth - Liverpool 0:4
0:1 Nunez (49'), 0:2 Jota (70'), 0:3 Jota (79'), 0:4 Nunez (90+3')

Liverpool huet déi éischt Plaz an der Premier League gefestegt. Virun der Paus waren d’Reds net geféierlech. An den zweete 45 Minutte sinn d’Spiller vum Jürgen Klopp awer erwächt an hu 4 Goler markéiert. An der Tabell huet Liverpool 5 Punkten Avance op Manchester City. D’Citizens hunn awer e Match manner gespillt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier LeagueCoupe de France
A Frankräich stoungen och um Sonndeg Matcher an der 1/16-Finall vun der Coupe um Programm. Lille huet sech ënner anerem knapp mat 1:0 bei den Amateure vum Racing Club de France duerchgesat. Rouen aus der National 2 huet sech sensationell no Eelefmeterschéisse géint Toulouse aus der Ligue 1 behaapt.

La Liga

Real Madrid - Almeria 3:2
0:1 Ramazani (1'), 0:2 Gonzalez (43'), 1:2 Bellingham (57', Eelefmeter), 2:2 Vinicius (67'), 3:2 Carvajal (90+9')

De Matchwinner fir Real Madrid war de Carvajal, dee seng Ekipp an der 9. Minutt vun der Nospillzäit a Féierung bruecht huet. An der 1. Hallschent war d’Heemekipp net um Terrain a louch géint den Tabelleleschten 0:2 hannen. D’Ekipp vum Carlo Ancelotti ass mat Energie aus de Kabinne komm an huet de Match ausgeglach. Laang huet et dono no engem Remis ausgesinn, de Carvajal hat do awer eppes dogéint. Real bleift Tabelleleader an huet 2 Punkten Avance op Girona.

Betis Sevilla - Barcelona 2:4
0:1 Torres (21'), 0:2 Torres (48'), 1:2 Isco (56'), 2:2 Isco (59'), 2:3 Felix (90'), 2:4 Felix (90+2')

Eng animéiert Partie mat ville Goler gouf et zu Sevilla. Barcelona huet direkt dominéiert a war an der 48. Minutt 2:0 vir. Betis ass awer zréck an de Match komm. De fréiere Spiller vu Real, den Isco, huet géint de Rival aus Katalounien zweemol getraff. Den Joker Joao Felix sollt de Match awer entscheeden. Hie gouf an der 81. Minutt agewiesselt an huet an der Nospillzäit fir den Erfolleg gesuergt. Barcelona huet weiderhi 7 Punkte Retard op Real Madrid.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO