HandballDéifferdeng a Bierchem gewannen hir Matcher kloer

RTL Lëtzebuerg
Um Donneschdeg den Owend war et d'Suitte vum éischte Spilldag am Härechampionnat.

Do konnte sech d’Red Boys kloer mat 36 op 20 géint Rëmeleng duerchsetzen. Déi Déifferdenger hätten u sech den Optaktmatch vum Championnat géint den Noper aus Péiteng spille sollen, ma well sech déi Péitenger e puer Deeg virum Ufank vun der Campagne aus der Axa League zeréckgezunn hunn a Rëmeleng in extremis nogeréckelt ass, haten d’Red Boys sech averstane gewisen, fir hire Match e puer Deeg no hannen ze verleeën, fir datt déi Rëmelenger sech op déi nei Situatioun konnte preparéieren.

Déifferdeng a Bierchem gewannen hir Matcher kloer
Kuerzfristeg ass een dach nach opgestigen. En Donneschdeg stoung deen éischte Match um Programm. Um Enn huet ee mat 20:26 géint d’Red Boys verluer.

An der zweeter Partie vum Donneschdeg huet Bierchem 35:23 zu Dikrech gewonnen. Um leschte Match vum éischte Spilldag treffen déi nächste Woch Esch a Käerjeng openeen.

Back to Top
CIM LOGO