
Bei den Häre spillt de Champion Red Boys Déifferdeng um éischte Spilldag doheem géint d’Esperance Rëmeleng. De Standard kritt et mat dem HB Käerjeng ze dinn. De Coupe-Gewënner HC Bierchem ass wéinst dem Diddelenger Parcours am éischten Tour vum European Cup spillfräi. D’Partie tëscht dem CHEV Dikrech an dem Handball Esch ass wéinst der Escher Participatioun am éischte Tour vum European Cup op den 2. Oktober verluecht.
Bei den Damme kritt et de Champion HB Käerjeng um éischte Spilldag auswäerts mam HB Museldall ze dinn. De Coupe-Gewënner HB Diddeleng huet d’Red Boys Déifferdeng bei sech op Besuch. D’Partie tëscht dem Handball Esch an dem Standard gouf op den 1. Oktober verluecht.https://download.rtl.lu/2025/08/26/76757a48263eadbd9dd6e95a460c0c32.pdf
E Samschdeg steet mam nationale Supercup den éischte grousse Rendez-vous am Handball-Kalenner um Käerjenger Dribbel virun der Dier. Ëm 15.00 Auer spille fir d’éischt d’Damme vum HB Käerjeng géint den HB Diddeleng. Ëm 17.30 Auer kréien et dann d’Häre vun de Red Boys Déifferdeng mam HC Bierchem ze dinn.
Donieft huet déi Lëtzebuerger Handballfederatioun och nach annoncéiert, datt déi Lëtzebuerger Hären-Nationalekipp hir zwee Matcher an der 1. Phas vun der WM-Qualifikatioun géint Lettland am Gymnase vun der Coque spillt. D’Ekipp vum Trainer Maik Handschke spillt den éischte Match den 1. November ëm 20 Auer. D’Retourpartie gëtt den Dag drop ëm 18.30 Auer ugepaff.
Och déi Lëtzebuerger U18-Hären-Nationalekipp ass dann am Gymnase vun der Coque am Asaz. D’FLH ass den Organisateur vun engem Qualifikatiounstournoi fir d’U18-Europameeschterschaft. Déi jonk Rout Léiwe kréien et mat Finnland, Griicheland an Nordmazedonien ze dinn.
Hei de Spillplang vum U18-Tournoi am Iwwerbléck:
Freides, den 31. Oktober
16:00 MKD - FIN
18:30 GRE - LUX
Samschdes, den 1. November
14:30 MKD - GRE
17:00 FIN - LUX
Sonndes, den 2. November
13:00 GRE - FIN
15:30 LUX - MKD