
Dat huet de Veräin en Dënschdeg op Twitter matgedeelt. Den 51 Joer alen Trainer gëtt domat de Successeur vum Marco Rose, dee jo neien Trainer bei Borussia Dortmund gëtt. Et géing ee sech immens iwwert d’Zouso vum Hütter freeën, sou de Sportdirekter vu Borussia Mönchengladbach, de Max Eberl.
Mam Hütter als Trainer koum Eintracht an der Saison 2018/19 an d’Halleffinall vun der Europa League an op déi 7. Plaz vun der Bundesliga.