DëschtennisDen Houwald wënnt de Spëtzematch géint Iechternach

RTL Lëtzebuerg
Den Houwald hat e Samschdeg d'Defaite an der Coupe-Finall vum leschte Weekend vergiess an huet mat 6:3 géint den Tabellendrëtte gewonnen.
© pressphoto (Archiv)

An der Spëtzepartie vum 12. Spilldag am Dëschtennis-Championnat huet den Houwald duerch eng 6:3-Victoire zu Iechternach d’Tabellespëtzt behaapt. D’Punkte fir de Leader hunn den Irfan Cekic, de Marc Dielissen an den Ademir Balaban am Eenzel gemaach an dann hunn och nach den Irfan Cekic an de Marc Dielissen hiren Dubbel gewonnen.

PDF: Feuille de match Iechternach - Houwald

Back to Top
CIM LOGO