DammenhandballDen Titel geet nees u Käerjeng

RTL Lëtzebuerg
Nom 28:22-Succès zu Diddeleng konnt Käerjeng den Titel verdeedegen.
© Serge Olmo

An der Coupe hat Käerjeng nach kloer géint den HBD verluer. Am Championnat ass Käerjeng elo d’Revanche gelongen.

Axa League Dammen

Am Match ëm de Championstitel huet Käerjeng kloer mat 28:22 zu Diddeleng gewonnen.

Am Dammenhandball geet den Titel nees u Käerjeng
Nom 28:22-Succès zu Diddeleng konnt Käerjeng den Titel verdeedegen.

An den éischten 30 Minutte war d’Partie ausgeglach mat engem liichten Avantage fir Käerjeng. An der Paus haten d’Gäscht 2 Goler Virsprong (10:12). Den HBD huet nom Säitewiessel net direkt an de Match fonnt a war séier mat 4 Goler hannen. Käerjeng stoung kompakt an der Defense an huet net vill zou gelooss. Am Ugrëff ass et gutt gelaf an d’Heemekipp huet net vill getraff. An der 43. Minutt war Käerjeng mat 8 Goler am Avantage (22:14). An der Suite hunn d’Gäscht d’Partie geréiert a konnte sech verdéngt den zweete Meeschtertitel noenee sécheren.

Den HB Esch huet donieft héich mat 31:21 géint den HB Museldall gewonnen. Déifferdeng war dem Chev Dikrech mat 25:17 iwwerleeën.

Axa League Hären

An der Relegatioun bei den Hären huet de Standard 31:29 géint Schëffleng gewonnen. En 28:28-Remis gouf et tëscht Rëmeleng a Miersch. Péiteng huet däitlech mat 45:24 géint Bieles d’Iwwerhand behalen.

LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball

Back to Top
CIM LOGO