
Den éischte Saz war nach laang serréiert, mee d’FLVB-Dammen hunn deen um Enn souverän mat 25:20 gewonnen. D’Gäscht waren an der 2. Manche vum Rullo an d’Lëtzebuergerinne konnte sech mat 25:11 duerchsetzen. Den 3. Saz war nees ausgeglach, mee Lëtzebuerg hat déi besser Nerven a konnt dee Saz mat 25:20 fir sech entscheeden.
Duerch dës Victoire koum Lëtzebuerg op déi 8. Plaz an der Tabell. 9 Ekippe waren am Grupp dobäi.