FrëndschaftsmatchD'Futtballnationalekipp spillt de 6. oder 7. Juni heiheem géint Slowenien

RTL Lëtzebuerg
D‘Lëtzebuerger Futtballnationalekipp spillt de 6 oder 7. Juni e Frëndschaftslännermatch géint Slowenien.
© Domingos Oliveira / RTL

D‘Partie wäert am Stade de Luxembourg gespillt ginn. E puer Deeg drop wäert d‘FLF-Formatioun och een zweete Match spillen. Géint wien, ass allerdéngs nach net gewosst.

Am Mäerz spillen d’Rout Léiwen heiheem géint Schweden an auswäerts an der Schwäiz.

D‘WM-Qualifikatioun fänkt dann am September un.

Back to Top
CIM LOGO