Dammen-HandballDiddeleng a Käerjeng am Gläichschratt

RTL Lëtzebuerg
Am Titel-Playoff hunn Diddeleng a Käerjeng zwou kloer Victoirë gefeiert.
© AFP

Um Samschdeg stoung de 7. Spilldag am Titel-Playoff bei den Dammen um Programm.

Axa League Dammen

Käerjeng huet sech doheem kloer mat 29:13 géint Dikrech behaapt. An der Paus louch d’Heemekipp mat 12:5 am Avantage.

Den HB Diddeleng huet d’Partie géint den HB Esch mat 31:19 gewonnen.

Am Relegatiouns-Playoff huet de Standard Miersch knapp mat 24:23 geklappt.

Atert Réiden huet bei den 2. Käerjenger Damme mat 15:29 de Kierzere gezunn.

Axa League Hären

Am Relegatiouns-Playoff bei den Hären huet Schëffleng 31:33 géint Rëmeleng verluer.

Den HB Museldall huet sech kloer mat 39:20 géint Bieles duerchgesat.

Arel ass net ugetrueden an de Match gouf doduerch 20:0 fir Péiteng gewäert.

LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball

Back to Top
CIM LOGO