Bei den Damme gläicht den T71 Diddeleng d’Serie géint de Champion Gréngewald Hueschtert mat enger 59:56 Victoire aus, béid Ekippen hunn elo eng Victoire um Kont.
Béid Ekippen haten an der éischter Hallschecht mat schwaache Worfquoten ze kämpfen, no 20 Minutte stoung et 24:24 gläich. Och nom Säitewiessel war et en ëmkämpfte Match, an deem sech déi zwou Ekippe weiderhi schwéier gedoen hunn, fir e Rhythmus ze fannen. Nodeems sech Diddeleng e klenge Virsprong erausgespillt hat, huet de Gréngewald an de leschte Minutten zeréck geschloen an et sollt zum Schluss ganz spannend ginn. D’Ehis Etute huet Diddeleng op der Fräiworflinn mat op 3 Punkten a Féierung bruecht, nach haten d’Gäscht 6 Sekonnen, fir sech an d’Verlängerung ze retten. D’Samantha Logic huet de leschte Worf verginn an domat ass et beim Schlussresultat bliwwen. D’Shalonda Winton konnt 24 Punkten fir d’Lokalekipp markéieren.
Bei den Hären notzt d’Etzella Ettelbréck den Heemvirdeel a gläicht an der “Best-of-5"-Serie géint d’Amicale Steesel 1:1 aus.
D’Lokalekipp huet an dësem Match vun Ufank un de Rhythmus bestëmmt a sech e Virsprong erausgespillt. Ettelbréck wollt no engem schwaachen éischte Match an der Finall offensiv besser spillen an dat huet d’Ekipp vum Trainer Gavin Love och gemaach. An der Paus louch d’Etzella 43:31 vir. Steesel huet sech am drëtte Véierel kuerzzäiteg zeréck an de Match gekämpft, allerdéngs hat Ettelbréck all Kéier déi passend Äntwert, um Enn ass et eng 77:68 Victoire fir d’Ekipp aus dem Norden. Mat 29 Punkte war de Jimmie Taylor de stäerkste Spiller bei der Lokalekipp, ënner dem Kuerf huet de Yann Wolff staark 17 Rebounds gepléckt.
Um Samschdeg gëtt zu Hueschtert (Dammen) an zu Steesel (Hären) den drëtte Match vun de Serië gespillt.

