
Axa League Hären
Diddeleng a Bierchem hunn dovu profitéiert, dass si an der éischter Ronn vun der Coupe de Luxembourg spillfräi sinn, fir de Match vum éischte Spilldag nozehuelen. Bierchem war mat 3 Victoiren an d’Saison gestart, wärend Diddeleng ee Gläichspill géint Déifferdeng an eng Néierlag géint Esch opweises hat.
Et war den erwaarte serréierte Spëtzematch. Béid Ekippen hu sech e Kampf geliwwert. An der éischter Hallschent huet virun allem de Bierchemer Raphael Gudden grouss opgespillt a seng Faarwe matgezunn. Op Diddelenger Säit waren den Ojie an Itua Etute nees mat vun der Partie an hu gewinnt staark Performancë gewisen.
Et sollt och d’Leeschtung vun de Bridder sinn, déi um Enn den Ënnerscheed gemaach huet. Zesumme mam Golkipp Mika Herrmann ware si an der zweeter Hallschent fir d’Diddelenger Victoire responsabel. Den Ojie huet 14, den Itua 9 Goler markéiert. De Raphael Gudden hat zwar och 10 Goler opweises, mee konnt an der zweeter Hallschent net méi déi Akzenter setze wéi am éischten Duerchgang.
Nodeems et an der Paus nach 17:16 fir Diddeleng stoung, sollt et um Enn 36:29 fir déi Blo stoen. Virun allem déi Rout Kaart fir de Valentin Mitev huet Bierchem an der Defense wéigedoen. Vun do u konnt Diddeleng den Ecart maachen - aus engem 24:22 an der 43. Minutt gouf en 30:24 an der 50. Minutt.
Um Enn war de Score däitlech an Diddeleng dierf sech iwwer déi éischt Victoire freeën. Fir Bierchem ass et déi éischt Néierlag an dëser Saison. De Raphael Gudden nom Match um RTL-Mikro:
“Fir eis ass et eng kleng Téitsch. Ech mengen et geet weider. Ech denken net, dass déi zwou Ekippen iwwer eis sinn oder iwwer Esch och. Esch ass och gutt dobäi, an ech menge si hu souguer bewisen, dass se et kënnen. Den Ënnerscheed do zum Supercup ass einfach, dass mer an dem Supercup chancëlos waren. Ech mengen do huet ee vun den éischte Minutten u gemierkt, dass mer ënnerleeë waren, dass d’ Red Boys eng besser Mentalitéit hate wéi mir. An elo, jo, et hänkt awer um Mika, géif ech soen. Ech mengen déi lescht 17 Minutten, ech weess net wéi vill Bäll mer do verschéissen. De Championnat ass nach laang a kucke wat et bréngt.”
LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball