
An der Halleffinall vum Championnat bei den Häre muss Diddeleng géint den Opsteiger Lénger untrieden an den Houwald spillt géint Hueschtert-Folscht. Hei gëtt jo am Modus Best-of-Three gespillt. D’Matcher si fir den 13., 20. a 27. Mäerz programméiert.
Bei den Dammen an der Coupe spillt Nidderkäerjeng géint Iechternach a Rued géint den Houwald. Dës Matcher ginn den 1. Abrëll gespillt.