DëschtennisDiddeleng gëtt sech am Spëtzematch keng Blouss

RTL Lëtzebuerg
Fir de Kont vum 5. Spilldag am nationalen Dëschtennis-Championnat hunn de Gilles Michely a Co mat 6:3 géint den Houwald gewonnen.
© AFP (Archiv)

Diddeleng bleift dës Saison am nationalen Dëschtennis-Championnat weider ongeschloen. De Champion an aktuelle Leader huet sech mat 6:3 géint den Houwald duerchgesat. An der Tabell hunn de Gilles Michely a Co elo e Virsprong vun 3 Punkten op den Houwald an Hueschtert/Foulscht. Den Houwald hat dës Saison iwwerraschend Punkte géint den Opsteiger d’Union Punkte leiegelooss.

PDF: Feuille de match Diddeleng - Houwald

Back to Top
CIM LOGO