Handball-ChampionnatDiddeleng klappt Käerjeng an iwwerhëlt d'Tabelleféierung

RTL Lëtzebuerg
No 60 Minutten huet sech den HBD mat 25:19 behaapt.
© AFP

Am Handball-Championnat ass et e Samschdeg den Owend zum 1. Verglach am Playoff tëscht den Titelfavoritten Diddeleng a Käerjeng komm. U sech hat ee sech e spannende Match tëscht béide Formatiounen erwaart. Um Enn gouf et awer eng kloer Victoire fir den HBD. Nodeems d’Damme vun Diddeleng an der Paus mat 12:10 a Féierung louchen, hu si sech no 60 Minutte mat 25:19 behaapt. Domadder bleift Diddeleng am Playoff weider ongeschloen a steet elo och mat engem Punkt Avance op Käerjeng un der Spëtzt vun der Tabell.

Resumé HBD - Käerjeng
Diddeleng klappt Käerjeng an iwwerhëlt d’Tabelleféierung

D’Damme vu Käerjeng sinn um 5. Spilldag zu kengem Ament richteg an de Match komm, hunn ze vill Feeler gemaach a waren nëmmen eng Kéier déi ganz Partie iwwer a Féierung.

Am zweete Match stounge sech Déifferdeng an Dikrech géintiwwer. An der Paus louchen d’Red Boys mat 14:10 am Avantage. Dës Avance ass an de leschte Minutte vun der Partie ëmmer méi kleng ginn, ma um Enn huet ee sech nach knapp mat 22:21 duerchgesat.

LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball

Back to Top
CIM LOGO