Coupe am DëschtennisDiddeleng kritt et an der Häre-Finall mam Houwald ze dinn

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend goufen an der Coupe de Luxembourg am Dëschtennis d'Halleffinalle gespillt. Bei den Damme sti Rued an Nidderkäerjeng an der Finall.
Coupe am Dëschtennis
E Freideg den Owend goufen an der Coupe de Luxembourg am Dëschtennis d’Halleffinalle gespillt. Bei den Damme sti Rued an Nidderkäerjeng an der Finall.

E Freideg den Owend goufen am Dëschtennis d’Finaliste vun der Coupe de Luxembourg bei den Dammen an den Häre gesicht. Bei den Häre hu sech d’Favoritten duerchgesat, sou datt d’Finall den 20. Januar Diddeleng géint den Houwald heescht. Bei den Damme sti sech an der Finall wéi erwaart Rued an Nidderkäerjeng géigeniwwer.

Hären

Iechternach - Diddeleng 1:4

Den Titelverdeedeger Diddeleng hat et e Freideg den Owend mat Iechternach ze dinn. Hei gouf et um Enn eng glécklech 4:1-Victoire fir den Titelverdeedeger. Virun allem déi éischt zwee Eenzel waren enk. Déi zwee Iechternacher De Sousa an Dadechin louchen allebéid an hire Partië géint Michely respektiv Fejer-Konnerth mat 2:1 a Féierung, ma virun den eegene Spectateuren hu si sech dach nach misse mat 2:3 geschloe ginn. Duerno huet de Michely duerch eng weider Victoire, dat mat 3:1 géint den Dadechin, fir Diddeleng op 3:0 gesat. An der Partie duerno konnt den Ciociu duerch eng Victoire géint de Santomauro op 1:3 fir Iechternach verkierzen. Diddeleng huet sech dës Victoire awer net méi huele gelooss an esou huet de Santomauro duerch ee kloren 3:0 géint den De Sousa de Sak zougemaach. Diddeleng gewënnt domadder mat 4:1 géint Iechternach a steet an der Finall. Hei wäert ee sech awer musse steigeren, fir eng Chance géint den Houwald ze hunn.

PDF: Feuille de Match Iechternach - Diddeleng

Back to Top
CIM LOGO