
Bei der 1. Halleffinall vum Dëschtennis-Championnat koum et e Sonndeg zum Duell tëscht dem DT Diddeleng an dem DT Hueschtert/Folscht. De Champion vun zejoert wollt virum eegene Public géint de Gaascht näischt ubrenne loossen a goung deemno favoriséiert an d’Partie.
D’Ekipp aus der Forge du Sud konnt dann och déi 1. Halleffinall mat 5:4 fir sech entscheeden. Gespillt gëtt iwweregens am Modus Best-of-three.