DëschtennisDiddeleng steet an der Finall, Houwald geet an d'Verlängerung

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg konnt sech Diddeleng och an der 2. Halleffinall géint Lénger behaapten. De Géigner an der Finall steet allerdéngs nach net fest.
© Archiv

Nodeems sech Diddeleng schonn an der 1. Halleffinall mat 5:3 duerchsetze konnt, ass et och an der 2. Halleffinall eng Victoire ginn. Duerch e klore 5:1 géint Lénger steet d’Ekipp vun Diddeleng an der Finall.

Do steet de Géigner nach net fest, nodeems sech den Houwald e Samschdeg mat 5:2 behaapte konnt. An der 1. Halleffinall war et d’Ekipp vun Hueschtert/Foulscht, déi de Match mat 5:4 gewanne konnt a sou fält d’Entscheedung réischt an der 3. Halleffinall.

Den Iwwerbléck vun de Partien an der Relegatioun

Back to Top
CIM LOGO