Den T71 Diddeleng bleift och no 8 Spilldeeg ongeschloen a setzt sech am Spëtzematch auswäerts zu Bartreng däitlech mat 95:72 duerch. D’Ekipp aus dem Süden huet zu kengem Moment Zweiwel un der Victoire opkomme gelooss a louch schonn nom éischte Véierel 28:18 a Féierung. Offensiv hat Diddeleng mam Catherine Mreches (29 Punkten), Lauren VanKleunen (18), Shalonda Winton (18) a Svenia Nurenberg (14) vill Optiounen, déi d’Bartrenger Defense net an de Grëff krut.
Conter zitt mat Steesel gläich
Den AB Conter setzt sech mat 91:80 géint d’Amicale Steesel duerch an zitt domat mam Géigner an der Tabell gläich. D’Lokalekipp huet sech no enger ausgeglachener éischter Hallschecht am drëtte Véierel ofgesat an d’Féierung net méi aus der Hand ginn. D’Caileigh Walsh an d’Stefanie Kulesza hu jeeweils 31 Punkte markéiert fir Conter, d’Esmeralda Skrijelj huet mat 18 Punkten, 14 Assists an 12 Rebounds en “triple double” zur Victoire bäigesteiert.
Um Sonndeg konnten d’Musel Pikes déi éischte Victoire des Saison feieren. D’Miselerinne setze sech auswäerts mat 54:40 zu Wolz duerch. Bei der Lokalekipp huet de Pit Hetting d’Aufgab vum Trainer iwwerholl, hie konnt d’Defaite awer net verhënneren, Wolz huet nëmmen 20 Prozent vun de Schëss getraff.