Basketballspillerinnen am AuslandDionne Madjo steet am nächsten Tour, weider Victoire fir d'Anne Simon

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch an en Donneschdeg waren dräi lëtzebuergesch Basketspillerinnen op europäescher Bün am Asaz.
Dionne Madjo
Dionne Madjo
© FIBA

Um Mëttwoch huet d’Dionne Madjo mat Flammes Carolo an der Euroleague mat 72:62 géint Sopron gewonnen a steet domat am nächsten Tour vun der stäerkster Clubkompetitioun an Europa. Déi jonk Lëtzebuergerin stoung 20 Minutten um Terrain a konnt 4 Punkte markéieren.

Eng weider Victoire gouf et fir d’Anne Simon mat Campobasso. An eegener Hal konnt d’Ekipp aus Italien sech mat 76:50 géint Tresnjevka aus Kroatien duerchsetzen. Mat enger Bilanz vun dräi Victoiren an enger Defaite steet Campobasso sou gutt wéi sécher an der KO-Ronn. D’Nationalspillerin Simon konnt 11 Punkte markéieren an donieft 7 Rebounds a 6 Assists opweisen, eng weider staark Leeschtung.

Um Donneschdeg hunn d’Saarlouis Royals mam Magaly Meynadier an der Tierkei géint Emlak Konut mat 69:89 verluer. Mat 4 Defaiten um Kont huet Saarlouis just nach theoretesch Chancë fir an d’KO-Ronn anzezéien. D’Nationalspillerin konnt an 21 Spillminutten 10 Punkten markéieren.

Back to Top
CIM LOGO