Qualifikatioun fir d'Europa- an d'WeltmeeschterschaftD'Lëtzeberger Handballnationalekipp kritt et mat Israel a Lettland ze dinn

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie goufen d'Qualifikatiounsmatcher fir d'Handball Europa- respektiv Weltmeeschterschaft ausgeloust.
© Sam Rickal

Am éischten Tour vun der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun, spillt Lëtzebuerg Ufank November zwee Matcher géint Israel.

An der Europameeschterschaftsqualifikatioun kréien d’FLH-Hären et am éischten Tour mat Lettland ze dinn. Dës zwee Matcher, ginn d’nächst Joer am Januar gespillt.

D’Weltmeeschterschaft ass 2025 an d’Europameeschterschaft dat Joer drop.

Back to Top
CIM LOGO