FLH-DammeselektiounD'Lëtzebuerger Dammen zéie géint Israel de Kierzeren
No der flotter Victoire am éischte Match e Freideg géint Finnland hunn d'Lëtzebuerger Damme géint Israel eng 24:33-Defaite missen astiechen.
Verëffentlecht: 01.06.19 17:46, Update: 04.12.25 09:32
An der Paus louchen déi Rout Léiwinne géint eng staark Ekipp aus Israel scho mat 9:17 hannen. Dee fréie Réckstand an der Ufanksphas war fir d'FLH-Formatioun schwéier opzehuelen a sou huet sech am weidere Verlaf eng Defaite erauskristalliséiert.
PDF: D'Feuille de Match