
Dëst d’Joer sinn et alt nees d’New England Patriots, déi an der Finale stinn an et do mat den LA Rams ze di kréien.
An den USA ass den Hype riseg, ma och bei eis an Europa gëtt et vun Joer zu Joer méi.
Och fir dëse Super Bowl wäerte nees vill Lëtzebuerger méi laang opbleiwen. Virun den New England Patriots muss een, onofhängeg, ob ee Sympathie fir si huet oder net, den Hutt zéien. Virun e puer Méint hate wuel déi mannsten domat gerechent, datt si och dëst d’Kéier nees am Super Bowl wieren, den RTL-Football-Expert Paul Zahlen.

D’Patriots ginn als ze lues agestuuft, dat och nach ouni Defense. Si beweisen de Leit dann awer all Joer gären de Géigendeel. E Plus ass fir si kloer, datt d’Combo tëscht dem Headcoach Bill Belichick an dem Quarterback Tom Brady schonn esou laang zesummen ass an deen ee weess, wat deen anere denkt.

Och, datt d’LA Rams an der Finale stinn, kënnt net vun ongeféier, sou de Coach vun de Steelers vun Diddeleng. Si hu vill a jonk gutt Spiller, déi awer nach net um volle Potential ukomm sinn. Si hunn awer och iwwer 200 Milliounen investéiert, fir eng Ekipp zesummenzekréien, déi fir de Super Bowl spille kann. Domadder hu se e bombastesche Kader do stoen.
Wann d’Rams eng realistesch Chance wëllen hunn, muss hir Defense stoen an den Tom Brady a Problemer bréngen. Sollte si den Tom Brady esou ënner Drock setzen, datt hien net Zäit kritt, fir seng Leit ze fannen, da gewannen d’Rams dee Match. Sollt si dat net packen, kann de Brady nees seng Klass weisen a wäert de Super Bowl nees mat heem huelen.
De Super Bowl gëtt des Kéier zu Atlanta gespillt an an der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg um hallwer 1 eiser Zäit ugepaff.