Relegatioun am Basketball-ChampionnatD'Musel Pikes klappe Schieren 57:55 a bleiwen an der LBBL

RTL Lëtzebuerg
Um Freideg war bei den Hären den zweete Match vun der Relegatiounsserie, déi am Best-of-3-Modus gespillt gëtt.
© Sam Welter

D’Musel Pikes wannen an eegener Hal mat 57:55 géint d’Black Frogs Schieren. Domat wënnt d’Ekipp vum Trainer Philip Dejworek d’Serie mat 2:0 a bleift an der LBBL.

D'Pikes spillen och d'nächst Joer an der LBBL
D’Ekipp vun der Musel huet och déi zweet Partie vum Barrage géint Schieren gewonnen.

D’Pikes hu sech an der éischter Hallschecht vum Match ofgesat, dat ënner dem Impuls vum Amerikaner Tai Bibbs, deen 20 Punkte bis zur Paus markéiere konnt an dofir gesuergt huet, dass d’Lokalekipp 40:28 a Féierung louch.

Schieren huet sech allerdéngs zeréck an de Match gekämpft an de Match sollt an de leschte Sekonnen entscheet ginn. D’Gäscht haten eng leschte Chance de Match ze gewannen, 0,6 Sekonne waren nach op der Auer. E schwéiere Worf vum Amerikaner Desean Hampton huet d’Zil net fonnt an d’Pikes setze sech knapp mat 2 Punkte Virsprong duerch.

Den Tai Bibbs (25 Punkten) an de Jalen Green (19) waren déi stäerkste Spiller bei der Lokalekipp.

Domat sinn am Basketball-Championnat bei den Hären all d’Entscheedunge vun der Saison 2023/24 gefall. Opgestigen an d’LBBL sinn Hiefenech a Munneref, d’Ofsteiger an d’Nationale 2 heesche Kordall Steelers a Gréngewald Hueschtert.

Back to Top
CIM LOGO