Basketball-ChampionnatD'Musel Pikes mat éischter Victoire vun der Saison zu Munneref 

RTL Lëtzebuerg
Um Freideg war den Optakt vum 6. Spilldag an der Enovos League bei den Hären.
© Serge Olmo / RTL

Am Derby stounge sech e Freideg den Owend den Opsteiger Munneref an d’Musel Pikes géintiwwer. Nodeems d’Gäscht e gudde Start an de Match haten a mat 30:20 a Féierung louchen, huet Munneref de Match virun der Paus gedréint an ass mat engem 38:34-Virsprong an d’Paus gaangen. An der zweeter Hallschecht hunn d’Musel Pikes d’Initiativ iwwerholl an de Match lues a lues kontrolléiert. Um Enn ass et trotzdeem nach emol spannend ginn, d’Pikes setzen sech no enger hektescher Schlussphas mat 80:77 duerch a feieren domat déi éischt Victoire am Championnat an dëser Saison. Béid Ekippen hu bis elo 1 vu 6 Matcher gewonnen.

De Christian Brandon an de Victor Hart hunn allebéid mat 22 Punkten am beschte getraff fir d’Gäscht.

Um Samschdeg an um Sonndeg ass d’Suite vum 6. Spilldag.

Back to Top
CIM LOGO