
Tëscht dem 8. an dem 17. Oktober trieden dräi Lëtzebuerger Veräiner un. Den Doublégewënner VC Stroossen trëfft wéi d’lescht Joer op d’Slowake vu Rieker Komarno. 2023 konnt de VC Stroossen de Retourmatch géint Komarno mat 3:2 gewannen. De VC Lorentzweiler krut d’Kroate vu Katela zougeloust, iwwerdeems de Volley Bartreng et mat der israeelescher Ekipp Tel Aviv ze di wäert kréien.