
Géint déi franséisch U18-Selektioun haten d’Lëtzebuerger sech schonn am éischte Saz schwéier gedoen, duerno awer déi richteg Léisunge géint déi grouss gewuesse Sportler aus dem Hexagon fonnt, fir hiren Optaktmatch mat 3:1 ze gewannen.
Um zweeten Dag stoung England um Programm. Eng Ekipp, déi een an de leschte Joren ëmmer nees bezwénge konnt. Dat sollt dëst Joer awer net geléngen. Wuel waren d’Lëtzebuerger ëmmer ganz no drun, um Enn huet awer vläicht den néidege Bëss gefeelt, fir de Sak zou ze maachen.
Um Freideg goung et also géint Éisträich ëm déi zweete Plaz. Déi 2 éischt Sätz konnten d’Lëtzebuerger nach knapps gewannen. Duerno goufe si awer vun de jonken Éisträicher deelweis virgefouert. De Lëtzebuerger Kader huet net genuch Alternative gebueden, fir d’Rudder nach emol ëmzerappen. Ofschléissend mussen d’Rrout Léiwen eng batter Defaite astiechen a sech mat der drëtter Plaz zefridde ginn.
Mëttwoch, 27. Dezember 2023
Éisträich - England (Hären) 0:3 (21:25, 26:28, 20:25)
Lëtzebuerg - Éisträich (Dammen) 2:3 (27:25, 19:25, 20:25, 25:22, 16:18)
Lëtzebuerg - Frankräich (Hären) 3:1 (17:25, 25:21, 25:21, 25:16)
Donneschdeg, 28. Dezember 2023
Frankräich - Éisträich (Hären) 1:3 (19:25, 27:25, 13:25, 23:25)
Lëtzebuerg - England (Hären) 1:3 (17:25, 31:29, 17:25, 20:25)
Éisträich - Lëtzebuerg (Dammen) 3:0 (25:15, 26:24, 26:24)
Freideg, 29. Dezember 2023
England - Frankräich (Hären) 3:0 (25:21, 25:18, 25:19)
Lëtzebuerg - Éisträich (Hären) 2:3 (25:23, 25:23, 19:25, 16:25, 9:15)