
D’Lëtzebuerger Nationalspiller war 2019 bei Campbell University an Amerika gewiesselt, fir do de Basket a hire Studium ze kombinéieren. Forméiert gouf d’Svenia Nurenberg beim T71 Diddeleng. An hirer leschter Saison huet si an der NCAA 1 31 Matcher gespillt a konnt dobäi am Duerchschnëtt 6,9 Punkten pro Match werfen.