
Fir d’Sarah De Nutte war dës WM éischter duerchwuess. D’Viraussetzunge waren awer am Virfeld och net optimal. D’Lëtzebuerger Nummer 1 hat nämlech virun der WM Féiwer.
Mo engem Fräilouss am éischten Tour am Dubbel gouf d’Sarah De Nutte zesumme mam Ni Xia Lian am zweeten Tour vun enger Koppel aus Hong Kong eliminéiert.
Am Simpel war et den Out am éischten Tour géint d’Nummer 5 op der Welt an am Dubbel Mixte, zesumme mam Eric Glod, war et och schonns nom éischten Tour, géint eng brasilianesch Koppel, eriwwer.