Coupe am HandballË.a. Käerjeng - Miersch bei den Hären a Schëffleng - Museldall bei den Dammen

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend goufen d'Aachtelsfinalle vun der Coupe am Handball ausgeloust.
D'Red Boys kënnen als Gewënner vun der Coupe déi leschte Saison d'Aachtelsfinall aussetzen.
D’Red Boys kënnen als Gewënner vun der Coupe déi leschte Saison d’Aachtelsfinall aussetzen.
© Val Wagner

Bei den Dammen treffe Réiden op d’Red Boys, Miersch op de Standard a Schëffleng op de Museldall. Diddeleng (als Coupegewënner), Käerjeng, Bieles, Esch an Dikrech haten e Fräilous.

Eenzege Fräilous bei den Hären hat den aktuelle Coupegewënner Red Boys. Soss kritt Schëffleng et doheem mat Esch ze dinn, Bieles kritt Besuch vun Dikrech, Rëmeleng trëfft op Bierchem, Bartreng spillt doheem géint den HBD, Miersch reest op Käerjeng, Péiteng fiert queesch duerch d’Land op Gréiwemaacher an de Standard kritt Besuch vu Réiden.

D’Matcher si programméiert fir de Weekend vum 30. September an 1. Oktober.

Back to Top
CIM LOGO