
Op der Biathlon-Weltmeeschterschaft op der Lenzerheide an der Schwäiz geet den Titel bei den Dammen iwwer 15 Kilometer un d‘Julia Simon. D‘Franséisin huet sech mat engem Ecart vu 37.80 Sekonne virun der Schwedin Ella Halvarsson an 39.20 Sekonne vun hirer Kompatriotin Lou Jeanmonnot duerch.